D’Hotelsschoul huet en neien Direkter, de Michel Lanners. Säi Wiessel aus dem Educatiounsministère eriwwer op den Direkteschposten hat fir Gespréich gesuergt. Hie wär gezwonge ginn, ze goen, hat et geheescht. De Michel Lanners war um Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun a wollt de Wiessel am Interview net grouss kommentéieren. Dat wär net esou direkt geplangt gewiescht. Mä wann een d’Méiglechkeet huet, en neie professionellen Defi unzegoen, soll ee se ergräifen. Méi bräicht een dozou net ze soen.
Den neien Direkter vun der Hotelsschoul kuckt elo no vir a seet, hie géif mat enger héich motivéierter Equipe zesummeschaffen. D’Schoul hätt sech déi lescht Joren ënnert hirem Wäert verkaf, dat soll sech änneren.
Hie wëll eng nei, kloer Linn. Kloer Repèrë wäre wichteg an déi solle frësch definéiert ginn. Eng grouss Botz misst gemaach ginn. Et hätt een eng 100% Garantie op en Job, wann een d’Schoul mat engem Diplom ofschléisst. D’Schoul géif vill Méiglechkeete bidden, mä och vill verlaangen.
Et hätt ee keng direkt Konkurrenz. Et géif just eng Hotelsschoul am Land ginn, sou de Michel Lanners. Zu Dikrech kéint een z.B. Metieren an der Hotellerie oder dem Tourismus léieren.
Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moie war neien Direkter vun der Hotelsschoul Michel Lanners.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.