CoronavirusNeien Héchstwäert mat 1.053 Neiinfektiounen zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 1 op 911 geklommen ass.
© RTL Archivbild

Aktuell si 66 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 19 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.057.002 Impf-Dosisse genotzt. 7.856 Leit sinn en Dënschdeg geimpft ginn.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 182,58 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 158,04 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,12. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO