VIDEO - Bis zu 23,9°C zu RéimechNeien Temperaturrekord fir de Februar

RTL Lëtzebuerg
Den 1. Mäerz huet meteorologesch d'Fréijoer ugefaangen ... de meteorologesche Wanter hei am Land war ze waarm.
VIDEO: Kloer ze waarm, op Plazen ze naass, op Plazen ze dréchen
Esou fält d'Analys vum Wanter 2018-2019 aus. D'Geschichtsbicher wäerte virop een Dag zréckbehalen, de 27. Februar mat 23,9 Grad, déi zu Réimech gemooss goufen.

Et gouf en neien Temperaturrekord fir de Februar. Am Éislek huet et net genuch gereent an am Rescht vum Land ze vill. Sou kann een de Bilan vum Wanter vum staatleche Wiederdéngscht vun der ASTA resuméieren.

Gemooss an analyséiert gouf tëscht dem 1. Dezember 2018 an dem 28. Februar 2019 op 32 Wiederstatiounen am Land.

Am Dezember an am Februar war et méi waarm wéi an der Referenzperiod vun 1981 bis 2010. Am Januar war et e bësse méi kal. Allgemeng louchen d'Temperature bis zu 1,6 Grad iwwert der laangjäreger Moyenne.

De Wanter ass mat aussergewéinlech héijen Temperaturen op en Enn gaangen. An der Stad si leschte Mëttwoch, de 27. Februar, 21,6 Grad gemooss ginn, en neie Rekord zanter d'Wieder 1838 registréiert gëtt. Zu Réimech goufen deen Dag souguer 23,9 Grad gemooss.

Wat de Reen ugeet, war d'Land also an zwee gedeelt. Am Éislek huet et liicht ze mann gereent, am Rescht vum Land e bësse méi wéi üblech. Speziell déi 3 éischt Wochen am Dezember waren naass.

PDF: Meteo-Bulletin vun der Asta.

Back to Top
CIM LOGO