MobbingNeit Gesetz géint Belästegung op der Aarbechtsplaz gouf presentéiert

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg ass déi nei Legislatioun iwwer den Harcèlement moral vum Aarbechtsministere a vun der Inspection du travail et des mines virgestallt ginn.

D’Gesetz, dat am Mäerz an der Chamber gestëmmt ginn ass, soll kloer definéieren, wat alles ënner Mobbing fält, wéi eng Méiglechkeeten d’Affer huet fir dogéint virzegoen a wéi de Patron sech verhale muss. Eleng zejoert koume bei der ITM 405 Ufroen eran, fir e Renseignement iwwer dëse Sujet ze kréien a ganzer 35 Plaintë goufen deposéiert.

Dat neit Gesetz soll den Affer de Courage gi fir sech ze wiere géint déi verletzend Aussoen, Menacen oder och rassistesch Aussoen. Den Aarbechtsminister Georges Engel:

“Dir hutt elo e gesetzleche Kader, virdrun ass et een Accord interprofessionnel ginn. E Gesetz ass awer eppes, dat eng grouss Valeur huet, der kënnt Iech elo dann un d’ITM wenden an d’ITM huet e Kader vu Méiglechkeeten, déi se dann dem Patron kënnen ubidden, si kënnen den Affer hëllefen. Si kënnen och kucken, dem Täter ze hëllefen, well dee brauch och heiansdo Hëllef. Do huet d’ITM genuch Outilen, fir déi ganz Prise en Charge ze maachen.”

An engems lancéiert d’ ITM eng Campagne, fir d’Salariéen an d’Betriber allgemeng iwwer déi nei Legislatioun ze informéieren. Den Direkter vun der ITM Marco Boly: “Mir wëllen hei preventiv géint de Phenomen vum Harcèlement virgoen, andeems mer fir d’éischt emol opklären, wat ass dorënner ze verstoen a wéi äussert sech dat, doduerch dass mer d’Leit dofir sensibiliséieren oder dass se grad amgaange sinn, en Harcèlement ze maachen. Domat versprieche mer eis, dass mer de Phenomen besser an de Grëff kréien an dat wëlle mer zesumme mat de Betriber an de Salariéë maachen”

D’Campagne soll fir den Ufank iwwer e puer Méint goen. Ugefaange gëtt an de Chamberen an an de Betriber.

Back to Top
CIM LOGO