De Bilan vun de leschte 5 Joer wier ee Bilan, dee sech weise léisst, an et dierf een net elo stoe bleiwen. Dat soten d’Vertrieder vun der grénger Fraktioun en Donneschdeg am Restaurant “L’hêtre, beim Musée” an der Alstad. Déi Gréng hu sech eng gutt Nott ginn an all de Beräicher, wou se Ministeren hunn: Naturschutz, Mobilitéit, Energie, Logement, mä och Sécherheet, Justiz a Kultur. Ressorten, déi déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché als déi bezeechent huet, fir déi 2018 keen ausgestreckt hätt a wou et Villes nozehuele gouf.
“Mir hunn et gemaach, well mir der Meenung waren, datt mir bereet waren, déi Verantwortung ze droen. D’Warnung vun der CSV, datt, wann DP, LSAP a Gréng weidermaachen, et zum Stëllstand kënnt, déi hunn déi Gréng ëmgedréint. Net duerch d’CSV, mä duerch déi Gréng hätt d’Police elo méi Beamte ewéi jee. A puncto Logement géing d’ëffentlech Hand méi investéieren, ewéi jee virdrun. An dat géing ufänken, mat wierken. Datt d’Loyersgesetz net méi duerchkoum, dat wier dorobber zeréckzeféieren, datt de Minister Kox mat all de Concernéierten den Dialog gesicht hätt.”
An d’Ëmweltpolitik an de Naturschutz: hei huet de gréngen Deputéierte François Benoy gewarnt: Wann d’CSV seet, se géing eng pragmatesch gréng Politik maachen, da wier dat a Wierklechkeet guer keng gréng Politik. Hien huet déi gréng Aarbecht am Naturschutz gelueft, mä och an der Mobilitéit. Zu Lëtzebuerg gëtt méi an den Zuch investéiert, ewéi iergendwou anescht an och a puncto Vëlo wier een dank deene Grénge gutt virukomm. Virun 10 Joer wier de Vëlo “guer keen Thema” gewiescht. Allerdéngs géing et nach vill Aarbecht ginn an dowéinst misst de Mobilitéitsplang konsequent ëmgesat ginn.
Gréisste Regret - an dat, wat déi Gréng onbedéngt wéilte realiséieren - dat ass eng grouss Steierreform. Net eng, wou jiddereen entlaascht gëtt, wéi d’CSV versprécht, mä eng, déi de Räichtum méi gerecht verdeelt a geziilt déi vulnerabel a jonk Leit ënnerstëtzt. Zil wier ënnert dem Stréch de sozialen Zesummenhalt ze stäerken, sou d’Josée Lorsché.