Beliichte vun ëffentleche Plazen(Net-) Energiespueren um Beispill vu Mamer a Bartreng

Roy Grotz
Dem CSV-Deputéierte Gilles Roth war d'Beliichte vun de Lycéeën um Schoulcampus Tossebierg en Dar am A an huet eng parlamentaresch Fro heizou gestallt.
© RTL-Archiv

D’Aus- oder Uloosse vun ëffentlechem Geliits ass jo aktuell an der Diskussioun - an zwar sou vill, datt de Mamer CSV-Député-Maire Gilles Roth eng urgent parlamentaresch Fro zur Problematik um Terrain vu senger Gemeng gestallt huet.

Nëmmen een Dag nodeem d’Fro gestallt war, gouf se ewell beäntwert, quasi e Rekord.

Dem CSV-Deputéierte war vrun allem d’Beliichte vun de Lycéeën um Schoulcampus Tossebierg en Dar am A - mee wéi de Minister Claude Turmes preziséiert, ass dat de strikte Minimum, wat d’Sécherheetsconsignen ugeet.

De gréngen Energieminister schreift, datt dacks d’Beliichte vun ëffentleche Plazen an d’kommunal Autonomie fält - sou wier Mamer eng vun den éischte Gemenge gewiescht, déi eng Demande accordéiert krut, fir laanscht d’ëffentlech Stroossen nuets d’Luuchten auszemaachen. D’Nopeschgemeng Bartreng hätt dëst zum Beispill net ugefrot.

Bis ewell krute vun 19 Gemengen, déi dat offiziell gefrot hunn, der 15 d’Erlabnis, d’Beliichtung nuets laanscht d’Stroossen aus ze loossen.

Deemno huet eréischt knapp all fënneft Gemeng dës Demarche gemaach.

Wéi de Minister notéiert, gëtt och bei den CFL driwwer nogeduecht, fir tëscht dem Passage vum leschten an dem éischten Zuch moies fréi d’Luuchten op de Garen an Arrêten auszemaachen.

En Donneschdeg ass iwwerdeem eng Informatiounsreunioun fir d’technesch Ekippe vu Staat a Gemengen, wou sech driwwer ausgetosch gëtt, wéi weider kann Energie an ëffentleche Gebaier an op Plazen agespuert ginn.

Back to Top
CIM LOGO