
Wéi soll Lëtzebuerg sech entwéckelen? Wou wëlle mer wunnen, wéi soll d’Mobilitéit funktionéieren? Ënnert anerem déi Froe stoungen am Zentrum vun engem Biergerkommitee, deen iwwert ee Joer laang un Recommandatiounen fir d’Politik geschafft huet. Zil ass d’Klimaneutralitéit 2050. D’Virschléi vum Biergerkommitee goufen dësen Donneschdeg presentéiert.
D’Landesplanung, d’Zukunft, de Klimaschutz a Biodiversitéit - dat waren d’Haaptsujeten un deenen de Biergerkommitee geschafft huet. Iwwer 6 Méint hu se mat Experten aus ënnerschiddleche Beräicher diskutéiert an dunn iwwer 6 Méint un den am ganze 44 Recommandatioune geschafft. An déi si ganz villfälteg a viséieren zum Beispill de Wuesstem an d’Wirtschaft, d’Architektur oder eis Gewässer. D’Yolande Koster-Kaiser, déi Member vum Biergercomité ass, ass virun allem d’Sensibiliséierung an d’Informatioun immens wichteg:
Datt d’Leit sech wierklech bewosst ginn, wéi urgent et ass an dat elo eppes muss geschéien an och jidderee vun eis muss reagéieren. Mir kënnen net ëmmer op d’Politik klappen an op déi waarden. Jiddweree muss bei sech ufänken. E Punkt dee mer festgehalen hunn ass och de Konsum vun all eenzelem. Mir mussen all bëssen zréck schrauwen, et geet mat manner!
De Biergerkommitee bemängelt dann och, datt mam aktuelle Walsystem de Gros vun de Leit déi zu Lëtzebuerg wunnen a schaffen net an der Regierung representéiert sinn. En anere Punkt betrëfft d’Landwirtschaft. D’Sandra Jakobi:
Méi vun der Mëllech-Landwirtschaft fort, där ze vill ass par Rapport zum Bedarf vum Land. An méi a Richtung Uebst a Geméis wat lokal ugebaut ka ginn.
D’Sandra Jakobi ass Frontalier an hir leien deemno och Sujete wéi d’Mobilitéit um Häerz. Stéchwuert Homeoffice a Co-Working Plazen:
Fir datt mer d’Deplacementer allgemeng verréngeren a manner CO2-Emissiounen hunn. Mir brauche manner Leit op de Stroossen. Dat Leit och méi Saachen accessibel hunn an hire Gemenge fir net fir alles mussen enzwousch hin ze fueren.
D’Bierger missten de Participante vum Comité no allgemeng méi konsequent mat agebonne ginn. Donieft hofft de Biergerkommitee natierlech, datt d’Broschür, déi se ausgeschafft hunn och vun der Politik eescht geholl a consultéiert gëtt. De gréngen Energieminister Claude Turmes, deen dëse Comité an Optrag ginn hat, huet bei der Presentatioun nach betount, datt een déi wäertvoll Erfarunge vun dësem Prozess och wéilt an de neie Klima-Biergerrot mat afléisse loossen.