Um MéindegowendNet manner wéi 7 Blesséierter no Accidenter

RTL Lëtzebuerg
An engem Accident géint 18 Auer op der Areler Autobunn, tëscht dem Gaasperecher an dem Zéissenger Kräiz, waren am ganze 6 Autoen anenee gerannt.

Véier Persoune goufe liicht verwonnt.

Och géint 18 Auer war tëscht der Kockelscheier a Réiser ee Won verongléckt. Eng Persoun gouf blesséiert.

Ee Blesséierte gouf et och an engem Accident kuerz no 19 Auer tëscht dem Waldhaff an der Stad. Zwee Ween haten sech ze pake krut.

A géint 21.30 Auer e Méindeg den Owend waren op der Diddelenger Autobunn tëscht dem Beetebuerger Kräiz a Léiweng en Auto an eng Camionnette anenee gerannt. Och hei gouf eng Persoun liicht verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO