De Chamberpresident huet op Nofro hin erkläert, dass hien dee Kontrakt mam ''Lëtzebuerger Journal’’ ënnerschriwwen hat, well hien doran just eng administrativ, mä keng politesch Dimensioun gesi gehat hätt.
Dofir hätt hien de Chamberbureau och net iwwer dëse Schratt informéiert gehat.
De Fernand Etgen beschreift dës ganz Situatioun als onglécklech, weist d’Schold awer vu sech.
Et wär och net seng Intentioun gewiescht fir een Online-Medium ze favoriséieren, erkläert de liberalen Politiker. Ëmmerhin hätt d’Publikatioun vum Compte Rendu vun den Chambersessiounen dem DP-noe ''Journal’’ ronn 30.000 Euro d’Joer erabruecht.
Bis ewell gouf d’Chamberbliedchen an de véier Lëtzebuerger Dageszeitungen publizéiert. Där ass et zanter dem Joreswiessel eng manner. De ''Lëtzebuerger Journal’’ gëtt et just nach digital.

RTL NEWS: Chamberbliedchen - Stoppe vu Kontrakt hannerléisst e battere Goût