Mënsche mat Behënnerung"Net ouni eis"- ënnert deem Moto gouf an der Stad manifestéiert

RTL Lëtzebuerg
Fir dass d'Politik si net vergësst, hat d'Lëtzebuerger Associatioun "Nëmme Mat Eis"zu enger Manifestatioun opgeruff.
"Net ouni eis"- ënnert deem Moto gouf an der Stad manifestéiert
Fir dass d’Politik Mënsche mat enger Behënnerung net vergësst, hat d’Lëtzebuerger Associatioun “Nëmme Mat Eis"zu enger Manifestatioun opgeruff.

Virun zwou Woche sinn déi nei CSV-DP Ministere vereedegt ginn a virun 9 Deeg huet de Premier Luc Frieden an der Chamber de Regierungsprogramm virgedroen.

Fir dass d’Politik si net vergësst, hat d’Lëtzebuerger Associatioun “Nëmme Mat Eis”, déi sech ëm Leit mat enger Behënnerung këmmert, zu enger Manifestatioun opgeruff. Am Parvis vun der Kathedral an der Stad hate sech d’Memberen e Samschdeg de Mëtteg versammelt a sech mat Fuerderungen un d’Regierung geriicht. “Net ouni eis”, esou de Motto vun der Protest-Aktioun.

Am Virfeld vum Dag fir Mënsche mat Behënnerung, deen e Sonndeg ass, wollt een och drop opmierksam maachen, datt et zu Lëtzebuerg nach ëmmer vill Saache géif ginn, déi net géife funktionéieren.

De Patrick Hurst, de President vun “Nëmme mat eis”

D’ASBL seet et wier een och prett, fir mat der Regierung an de Ministèren zesummenzeschaffen a konstruktiv Virschléi anzebréngen, mä de politesche Wëlle misst do sinn.

Back to Top
CIM LOGO