
Vertrieder aus ronn 200 Länner streiden nämlech nach ëmmer driwwer, datt déi weltwäit Sortie aus Kuel, Pëtrol a Gas offiziell an der Ofschlossdeklaratioun festgehale gëtt.
Dat wier an engem éischten Worf net de Fall gewiescht. Dowéinst gouf e vun enger grousser Majoritéit vu Länner, dorënner och d’EU an d’USA, verworf.
De Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes huet am RTL-Interview erkläert: Den éischten Text hätt net d’Ambitioun gehat, fir aus de fossillen Energien erauszeklammen an d’Zil vu maximal annerhallwem Grad global Erwiermung ze areechen.
Elo géif un engem neien Text geschafft ginn a well deen unanime muss ugeholl ginn, misste Brécke gebaut ginn, tëscht de Länner, déi wëlle méi wäit goen, deenen déi am meeschten ënnert dem Klimawandel leiden, an deenen Natiounen, deenen hir Ekonomie staark vun de fossillen Energien ofhänkt.
Den Ëmweltminister Wilmes huet ënnerstrach, datt een net wéilt vun Dubai fortgoen, bis en Accord steet, och wann een da misst an d’Verlängerung goen. De Minister selwer wäert um Dënschdeg den Owend mussen ofreesen, dat wéinst dem Regierungsrot e Mëttwoch. D’EU féiert d’Verhandlunge weider an eng Lëtzebuerger Delegatioun bleift op der Plaz.
De Serge Wilmes war als Ëmweltminister zweemol op Dubai. Emol mam Grand-Duc an elo fir de Schluss. Dat hätt ebe misse sinn, huet den CSV-Minister op eis Nofro hin erkläert. Sou eng COP hätt verschidde Phasen. Et gouf d’Phas, wou d’Staats- a Regierungscheffen derbäi waren. De Premier konnt net, dofir ass de Staatschef op Dubai gaangen an dee muss begleet gi vun engem Minister. Dowéinst wär hien als Ressortminister matgaangen. Dono hätt hie missen zréck op Lëtzebuerg kommen. Um Enn wären déi richteg Verhandlungen, wou et wichteg wär, datt de Lëtzebuerger Minister mat derbäi ass.
All d’Deplacementer géifen och kompenséiert ginn, sou wéi dat och déi viregt Regierung gemaach huet.