De Koalitiounsaccord wär derwäert ze liesen, vill Iddien a Konzepter wären dran, fënnt den Nicolas Buck, President vun der Fedil, der Business Vereenegung. Hie war um Mëttwoch de Moien eisen Invité vun der Redaktioun
Méi Mindestloun a méi Congé wären „hard facts“. Et wär net un de Betriber den Ënnerscheed beim Mindestloun ze bezuelen.
Wat den zousätzleche Congésdag a speziell de Feierdag ugeet, ass d'Fedil guer net frou. Et wär ëmmer d'Fro, wéi een et mécht.
Dee Feierdag géif richteg wéidoen, sou den Nicolas Buck. Congé wär nach besser z'organiséieren. D'nächst Joer fält den Europadag, den 9. Mee, op en Donneschdeg.
De Standuert zoumaachen an engem Mount wéi Mee ... fir esou eng Entscheedung hätt hie wéineg Versteesdemech. Europa géif aner Saache brauche wéi Feierdeeg.
Wéi fält d’Analys vum Koalitiounsaccord fir déi nächst fënnef Joer vun de Vetrieder vum Industriestanduert Lëtzebuerg aus?
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.