Invité vun der Redaktioun (3. Oktober)Nicolas Didier: Jonker nees fir Wëssenschaft begeeschteren

RTL Lëtzebuerg
De President vum Luxembourg Science Center war den Invité vun der Redaktioun géint 10 op 8.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Nicolas Didier.
De President vum Luxembourg Science Center war den Invité vun der Redaktioun géint 10 op 8.

En Donneschden ass déi offiziell Ouverture vum Luxembourg Science Center an der fréierer Léierbud vun ArcelorMittal. Mat 90 interaktiv Versuchsstatiounen, 20 Showen a Laboratoiren op 3.000 Metercarré, wëll den LSC, speziell bei de Jonken, nees den Interessi un techneschen an u wëssenschaftleche Beruffer erwächen. Dësen ass verluer gaangen, well mer Technik net méi verstinn, wéi de President vum Zenter, den Nicolas Didier, am RTL Interview erkläert huet. Zum Beispill am Autosgarage geet een net méi an den Atelier mat, et bleift een an der Receptioun an en drénkt ee Kaffi.

Dës Distanz zur Technik well den LSC, op eng ganz praktesch, jo spilleresch Aart a Weis, iwwerbrécken.

Et gëtt och enk mat der Privatwirtschaft zesummegeschafft, fir hir Besoinen ze detektéieren, an natierlech mat Universitéiten an Héichschoulen.

Detailer zum Luxembourg Science Center fannt Dir um science-center.lu.

De President vum Luxembourg Science Center war den Invité vun der Redaktioun géint 10 op 8.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO