Invité vun der Redaktioun (25. Abrëll)Nicolas Mackel, CEO vu Luxembourg for Finance

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg ëm 10 op 8 war de CEO vu Luxembourg for Finance Nicolas Mackel.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Nicolas Mackel (25. Abrëll)
Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg ëm 10 op 8 war de CEO vu Luxembourg for Finance Nicolas Mackel.

Lëtzebuerg gehéiert zu den internationaalste Finanzplaze vun der Welt  mat enger Spezialisatioun a grenziwwerschreidende Finanzleeschtungen an engem grousse Fongegeschäft. An de Grand-Duché wëll sech och an deem Beräich a Groussbritannien presentéieren, fir nom Brexit verschidde Geschäfter op Lëtzebuerg ze lackelen. Dat sot en Dënschden de Moien de CEO vu Luxembourg for Finance Nicolas Mackel am RTL-Interview. Konkurrenz gesäit eisen Invité vun der Redaktioun besonnesch zu Dublin a Frankfurt. An et wier kloer, datt Lëtzebuerg net all Kéiers géint déi aner Finanzplaze gewanne kéint. Dem Nicolas Mackel no, wier Lëtzebuerg fir eng ganz Rei Acteuren zu London scho bal eng natierlech Solutioun, wéi hie sot. Et kéint een op laangjäreg Relatiounen zeréckkucken.

Invité vun der Redaktioun: Nicolas Mackel (25. Abrëll)

Den Ament sinn déi Responsabel vu Luxembourg for Finance an d'Lëtzebuerger Regierung mat enger ganzer Rei Entreprisen zu London a Kontakt fir ze kucken op se hiert Geschäft oder en Deel vum Geschäft an de Grand-Duché verleeën. Nei Nimm wollt de CEO vu Luxembourg for Finance, nieft deenen, déi scho bekannt sinn, awer net nennen. Zu Lëtzebuerg géifen Aarbechtsplaze geschafe ginn, ma net fir Leit, déi elo zu London schaffen. Et misst ee vu Fall zu Fall kucken, ma global kéint ee soen, datt vun 100 Plazen zu London, maximal 15-20 Plazen op Lëtzebuerg kommen. Dat anert wäre Leit, déi souwisou schonn hei wären, well hei um Marché géif rekrutéiert ginn, sou den Nicolas Mackel. Lëtzebuerg géif ganz sécher net déi nei City ginn. Et misst een d'Erwaardunge richteg geréieren an net dat blot vum Himmel erof hoffen.

Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg ëm 10 op 8 war de CEO vu Luxembourg for Finance Nicolas Mackel.

D'Strategie vun der Lëtzebuerger Regierung fir net ze vill aggressiv an der City opzetrieden, hält den Nicolas Mackel fir dee richtege Wee. D'Lëtzebuerger Approche wier allgemeng ganz gutt ugesinn an och mat Luxembourg for Finance ofgestëmmt. D'Chancen, datt d'europäesch Bankenopsiicht nom Brexit op Lëtzebuerg kënnt, wier duerchaus realistesch. Par Rapport zu den anere Länner déi sech gemellt hunn, hätt Lëtzebuerg mam europäeschen Traité nach een Argument méi op senger Säit.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO