PoliceNieft alkoholiséierte Chaufferen nach Abréch zu Käerjeng a Leideleng

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et en Dënschdeg am Nomëtteg zu engem Abroch an en Haus zu Käerjeng, owes gouf an en Appartement zu Leideleng agebrach.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Éischten Informatiounen no hunn onbekannt Täter d’Hausdier vum Eefamilljenhaus an der Lëtzebuerger Strooss zu Käerjeng opgebrach an hunn do e puer Raim duerchwullt, ier si mat de geklaute Saache geflücht sinn.

En Dënschdeg den Owend du gouf d’Police wéinst engem Abroch an en Appartement an der Rue de Luxembourg zu Leideleng alarméiert. Hei gouf eng Balconsdier opgebrach, fir an d’Gebai eranzekommen.

A béide Fäll war d’Spueresécherung op der Plaz an et gëtt ermëttelt.

Permise wéinst Alkohol agezunn

An der Nuecht op e Mëttwoch gouf eng Policepatrull géint 2.37 Auer op e verdächtege Won an der Stad opmierksam, deen an der Avenue Monterey op der Busspuer bei der rouder Luucht um Boulevard Royal stoung. Bei der Kontroll konnt d’Automobilistin keng Pabeiere vum Gefier virweisen. Donieft haten d’Beamten de Verdacht, dass Alkohol am Spill wier. En Alkoholtest war positiv a e provisoresche Fuerverbuet ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO