
Ënner anerem ginn d’Dispositiounen aus dem ale Kollektivvertrag retabléiert.
Derbäi kommen eng Rei Amelioratiounen, ënner anerem Revalorisatioune bei de Léin via eng nei Grille, oder nach eng Prime unique vu 600 Euro. Den neie Kollektivvertrag leeft iwwer 3 Joer.
D’Gewerkschaft seet all deene Merci, déi den aussergewéinlech laange Streik zu Diddeleng ënnerstëtzt hunn. An der Streik-Keess waren um Enn 85.000 Euro.
Den Onofhängege Gewerkschaftsbond weist parallel mam Fanger op d’Regierung, déi am Dossier total passiv gewiescht wier.