PoliceNo Abroch zu Waarken konnt e Verdächtege festgeholl ginn

RTL Lëtzebuerg
De Verdächtege koum de Méindeg de Moie schonns virun den Untersuchungsriichter.

An de fréie Moiesstonne vum 1. Oktober gouf der Police eng verdächteg Persoun gemellt, déi Kleeder aus engem Gaart zu Méchela geklaut huet a sech an der Suite mat engem geklaute Vëlo a Richtung Ierpeldeng aus dem Stëbs gemaach huet. D’Beamte konnten de Mann lokaliséieren an en och mat engem Abroch an en Eefamilljenhaus zu Waarken a Verbindung bréngen.

An der Nuecht op e Mëttwoch géint 1 Auer koum et an der Rue Joseph Junck an der Stad zu engem Iwwerfall. Dobäi hunn déi zwee Täter hiert Affer festgehalen an den Handy geklaut, ier se geflücht sinn.

Back to Top
CIM LOGO