
Um Concert vum Robbie Williams waren zwee Rucksäck geklaut ginn. Den Déif konnt awer séier lokaliséiert a gepëtzt ginn. Nieft de geklaute Saache gouf och eng kleng Quantitéit Kokain beim presuméierten Täter fonnt.
Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl.