
Et rumouert nees bei der Amiperas, der Vereenegung vun den eelere Leit zu Lëtzebuerg. Haut virun enger Woch hat de President Jean Morby no nëmmen 8 Méint säi Mandat opginn. Och de Vize-President Claude Caudron hat demissionéiert. An der Presse war Rieds vun Differenze bannent dem Verwaltungsrot a punkto Statutten a Finanze vum Veräin. Et ass eng Associatioun déi zanter Jore Membere verléiert. An domat och e wéineg am Gaang ass, hir eegen Identitéit ze verléieren.
Donneschden Owend an enger Cité zu Mamer. De Jean Morby mécht d'Dir op. An der Stuff waart nach en zweeten eelere Mann. Et ass de Claude Caudron. Laang Jore war hien an der Amiperas aktiv. Hie wierkt 3 Deeg no senger Demissioun méi nodenklech ewéi de Jean Morby, mä dee war jo u sech just 8 Méint President vun den Amiperas. Séier wär dem Jean Morby kloer gewiescht, dass de Verwaltungsrot an hie selwer net firenee gemaach wären.
Jean Morby: ''Et ass keng Dynamik do. Et weess een, dass dee Conseil d'Administration aus eelere Leit besteet - ech gehéieren zu deenen, och wann ech mech net dozou zielen - bei deenen ass et schwéier eppes ze beweegen. Si si gewinnt an engem gewëssenen ''traintrain'', a wann een se mat neien Iddie konfrontéiert, dann ass direkt eng Barrière do. A wann een da keng Ënnerstëtzung huet, an op der anerer Säit awer gewësse Leit zesummen déi selwecht negativ Astellung hunn, da muss ee soen, da geet vill Energie a vill Kraaft drop an et areecht een näischt.''
D'Majoritéit am Verwaltungsrot vun der Amiperas, dat ass d'Ekipp ëm d'Generalsekretärin Edmée Mangers, déi wäit iwwer 40 Joer am Veräin aktiv ass. Aus privaten a gesondheetleche Grënn refuséiert si zu dësem Ament en Interview. Engem Gespréich ouni Mikro an ouni Kamera stëmmt si zou. Si wär erliichtert elo no der Demissioun vum President. Si gëtt eis och d'Telefonsnummer vun enger anerer Persoun aus dem Verwaltungsrot. D'Madamm wëll anonym bleiwe ma och si confirméiert: mir an de Jean Morby - dat konnt näischt ginn. ''Et ass keen agreabele Mënsch'', esou d'Madamm um Telefon. Eng Ausso déi hire ganzen Temoignage iwwer d'Presidence vum Jean Morby resuméiert. Ma si seet nach hannendrun, et wär d'Generalsekretärin selwer gewiescht, déi dëse Mann als neie President recommandéiert hätt. Den 9. Juni zejoert gouf den 78 Joer ale Jean Morby op der Generalversammlung vun der Amiperas als Nationalpresident gewielt.
8 Méint méi spéit, zu Mamer an der Stuff, widderhëlt de Jean Morby, hien hätt d'Statutte vun der Amiperas un déi vun enger moderner ASBL upassen, an de Budget vum Veräi stabiliséiere wëllen. Béides ouni Erfolleg.
Jean Morby: ''Dat wat ech bis elo konnt kréien a gesinn hunn, a mam externe Comptabel diskutéiert hunn, ass, dass et (Red.: d'Finanzen) ze mann transparent ass, an een net richteg ka soen, wou ee soll de Stëft usetzen. Hei ass et esou, datt eng Generalsekretärin do ass, déi alles leet, an sech och net ëmmer am Viraus ofschwätzt mam President.''
Schwéier Reprochen, déi d'Edmée Mangers decidéiert zeréckweist. Si ass iwwerzeegt, dass d'Amiperas um richtege Wee ass.
D'Amiperas – an der Zäit e Veräi mat iwwer 20.000 Memberen – hat déi lescht Joerzéngten ëmmer nees intern Streidereien, virop am Verwaltungsrot. D'Parallellen zu de rezenten Turbulenze sinn frappant.
Dat hei d'Annonce am RTL-Journal op der Tëlee um Owend vum 15. Mäerz 2005 - RTL Journal, 15.03.2005: ''De Sträit bei der Amiperas, der Vereenegung vun den eelere Leit, geet a seng zweet Ronn. Nom President Antoine Wehenkel viru 14 Deeg, sinn elo iwwert de Weekend mam President, dem Sekretär an dem Caissier vun der ''Fondatioun Amiperas'' nach dräi aner Memberen aus dem Féierungsgremium ausgetrueden. D'Amiperas stéing kuerz virun der Faillite heescht et haut am Journal. Beschëllegt gëtt an der Haaptsaach nach ëmmer d'Generalsekretärin Edmée Mangers.''
Dat d'Nouvelle am Mäerz 2005. Am Juli dat Joer hat och de ganze Verwaltungsrot demissionéiert. Och d'Edmée Mangers war mat enger Portioun Roserei am Bauch zeréckgetrueden. Si sot deemools:
Edmée Mangers (28.07.2005): ''Ech stelle keng Kandidatur méi. Ech wëll awer soen, dass ech mat stolz op déi 33 Joer zeréckblécken. Ech hu mer näischt zu Scholde komme gelooss. Ech soen Iech Merci.''
Elo 13 an en halleft Joer méi spéit ass d'Edmée Mangers nees als Generalsekretärin mat Reprochë vun engem demissionäre President konfrontéiert.
Ofgesi vun diverse Konflikter, steet zanter Joren dës Fro am Raum: wou steiert d'Amiperas an Zukunft hin? Op der Generalversammlung am Juni 2006 war e Plang virgestallt ginn, fir Sektiounen ze reintegréieren, déi den Daachverband verlooss haten. Dass dee wéineg effikass war, beweist d'Baisse bei de Memberszuelen. 20.000 am Joer 2005. D'Generalsekretärin Edmée Mangers schwätzt haut vun 8.000-9.000 Memberen. Den Ex-President seet, et wären der just nach knapps ënnert 5.000. 38 Sektioune wären den Ament nach aktiv. Der Amiperas hiren Afloss op d'Politik ass haut méi kleng ewéi an de Joren no hirer Grënnung am Joer 1963. De Veräi bräicht nees méi Memberen, well en huet eng national Vocatioun fir déi eeler Leit. Eng Meenung, déi d'Generalsekretärin an de fréiere President deelen. De Jean Morby schwätzt awer méi haart vu Renouveau.
Jean Morby: ''Fir de Problem ze léisen, muss ee kucke fir jonk Leit ze motivéieren. Jonk Leit.. Leit mat 50, 60 a 65 Joer si jo nach jonk Leit haut. Leit déi d'Amiperas och an Zukunft nach kënne weider féieren. Wa mer d'Amiperas just nach wëlle féiere mat Leit vun 80 an iwwer 80, dann ass et ganz kloer: iergendwann eng Kéier ass Schluss!''
De Jean Morby fir säin Deel péckt keng Hand méi mat un. D'Edmée Mangers dogéint wär motivéiert weiderzemaachen.