D’Regierung a Sozialpartner hunn e Mëttwoch op der zweeter Ronn vu Bipartitten nees separat iwwert d’Reegelen a Saachen Aarbechtszäitorganisatioun diskutéiert. Um 14 Auer de Mëtteg haten den Aarbechtsminister Georges Mischo, de Wirtschaftsminister Lex Delles an eng Rei Beamte Vertrieder vum Patronat am Aarbechtsministère um Rousegäertchen op Besuch. Um 16 Auer hunn d’Gewerkschaften d’Patronat ofgeléist. Et ass besonnesch ëm d’Dispositioune gaangen, déi d’Pause wärend der Aarbecht reegelen.
Fir d’Aarbechtszäitorganisatioun ze moderniséieren, kéint d’Regierung och de Gewerkschaften entgéintkommen a méi bezuelte Pausen aféieren. D’Patronat kann a Punkto Referenzperioden a Plans d’organisaton du travail hoffen. Den Aarbechtsminister Georges Mischo sot no der zweeter Ronn Bipartitten, et wier e “Geben und Nehmen”. Bei de separate Reunioune mam Patronat an duerno mam OGBL an LCGB ass et ëm eng Rei aarbechtsrechtlech Theme gaangen, mee haaptsächlech ëm d’Pausen.
D’Aarbechtsrecht gesäit aktuell maximal eng onbezuelte Paus pro Schaffdag vir. De President vun der Union des entreprises de Michel Reckinger sot no der Reunioun, vill Leit géingen haut awer méi Pause maachen, wa se zum Beispill Télétravail maachen an an engem Dag puer Mol tëscht Doheem a Schaff sech beweegen. Genee ewéi d’Referenzperioden a Plans d’organisatioun du travail (POT) wier de legale Kader a sengen Ae net méi adaptéiert. Et géing ëm “gesonde Mënscheverstand” goen. Verschidden Dispositiounen am Aarbechtsrecht stéingen Accorden tëscht Patron a Salarié am Wee.
D’OGBL-Presidentin Nora Back huet awer bei hirer Arrivée scho gekontert a gefrot, ob dann eng Botzfra oder Infirmière zum Beispill soll all hir Deplacementer an engem Dag net bezuelt kréien? Wat d’Referenzperioden ugeet an d’Plans d’organisation du Travail, sot si, et géing drëm goen, datt d’Salariéen Previsibilitéit hätten an e gudden Equiliber tëscht Aarbecht a Privatliewen.
Patronat a Gewerkschaften hunn en anert Verständnis vun deem, wat modern a flexibel ass also. Den Aarbechtsminister Georges Mischo huet wéi gesot an Aussiicht gestallt, de Gewerkschaften entgéint ze kommen. Och wann e sech wierklech net vill wollt an d’Kaarte kucke loossen: “Dat do si jo Detailer vun engem Thema (...) dat kënne mir eis virstellen, datt vläicht méi ewéi eng Paus agefouert gëtt.” Hien huet awer betount, datt een d’Verhandlungen net géing op der place publique maachen.
“Geben und Nehmen”
Dat Selwecht bei de Referenzperioden a Plans d’organisation du travail. E “POT” erméiglecht engem Betrib, am Accord mam Personal an an Echange vu Kompensatiounen, d’Aarbechtszäit vu 40 op 48 wärend e puer Méint festzeleeën. Déi puer Méint ginn als Referenzperiod festgeluecht, tëscht engem a véier Méint. Hei huet de Minister dem Patronat e bëssen Hoffnung gemaach, andeems hie sot, datt ee sech um Koalitiounsaccord géing halen an hien huet ervirgestrach, datt e keng Aarbechtszäitreduktioun virgesäit an eng Diskussioun iwwert eng Referenzperiod vun 12 Méint. Den LCGB-President Patrick Dury huet widderholl, datt d’Gewerkschafte léiwer Kollektivverträg hätt ewéi ee grousst Gesetz.
Dem Georges Mischo, deen op senger Säit de Wirtschaftsminister Lex Delles hat, huet wéi et schéngt méi Geschéck gewisen. De Patrick Dury sot no der Reunioun, den Toun wier besser. Besser ewéi am béise Bréif vun de Gewerkschaften? Hien huet geäntwert, datt et zum Ament vum Bréif néideg gewiescht wier. Et wier drëm gaangen, datt ee Leit géintiwwer sech setzen hätt, mat deenen ee kéint schaffen. Hien huet betount, datt et de Gewerkschaften “ëm d’Leit geet”. Decidéiert ass nach näischt, mee fir d’éischte Kéier zanter engem gudde Joer gesäit et bal no Kompromëssbereetschaft aus.
Déi nächst Bipartitten sinn den 21. Januar. U Sujeten a Punkto Aarbecht feelt et net. Do dierf weider och iwwert d’Mindestloun-Direktiv an den Aktiounsplang fir méi Kollektivverträg Rieds goen. Ofgesi vun der Plattform-Ekonomie oder der kënschtlecher Intelligenz.
RTL-News vum 11.09.25: Aarbechtszäitorganisatioun - Kéint et geschwënn eng 52-Stonne-Woch ginn?