PoliceNo engem Abroch an der Fiels gouf eng Fra verhaft

RTL Lëtzebuerg
Mat Hëllef vun engem opmierksamen Zeien konnt eng Fra verhaft ginn, déi verdächtegt gëtt, an en Haus an der Fiels agebrach ze sinn.
© RTL Archiv

Mat Ënnerstëtzung vun engem Helikopter konnt d'Fra direkt nom Abroch e Mëttwoch am fréien Owend um 17.20 Auer nach vun der Police gestallt ginn. Bei der presuméierter Täterin goufe geklaute Géigestänn an och Material, fir anzebriechen, fonnt. Si koum de Moie virun den Untersuchungsriichter. D'Géigestänn goufen beschlagnaamt.

Eng zweet verdächteg Persoun - e Mann - konnt nach net ermëttelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO