
Kuerz virum Ausgang a Richtung Fueren waren an der Dikrecherstrooss den Auto an de Vëlosfuerer kollidéiert. De Chauffer vum Auto ass nom Accident a Richtung Schous (Fëschbech) geflücht.
Beim Gefier handelt et sech ëm e wäisse Mercedes (Model CLA 180*) mat Lëtzebuerger Placken. Den Auto gouf un der Stoussstaang beschiedegt.
D’Police sicht an dësem Zesummenhang no Zeien. All Informatioune si fir d’Police Dikrech / Veianen ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 80 1000 oder per E-Mail un police.diekirchvianden@police.etat.lu.
*An enger éischter Versioun vum Artikel war riets vum Modell CLA 130, d’Police huet dës Informatioun e Sonndeg den Owend rektifizéiert.