
De Parquet huet an der Affär Gaston Vogel en Appell gemaach. Eréischt virun enger Woch war de Gaston Vogel vun de Riichter an éischter Instanz fräigesprach ginn. Genau dat selwecht gëllt fir CLT-Ufa, d’Mammenhaus vun RTL, an e fréiere Journalist vum Journal.
Dem Affekot war virgehäit ginn, sech an engem oppenen Bréif viru 6 Joer erofloossend iwwer rumänesch Heescherte geäussert ze hunn.