
Am Ganzen hunn 18 Persoune misste mat op der Policebüro kommen, fir eng Kontroll an Duerchsichung. Verschiddener vun hinne hu souguer missten vun engem Dokter ënnersicht ginn, fir eventuell Friemkierper ze fannen. Dëst war bei dräi Persounen de Fall, déi och verhaft goufen a virun den Untersuchungsriichter koumen.
Et goufe ronn 150 Gramm Droge fonnt, donieft goufe 5 Handyen an 2.500 Euro saiséiert. Op Uerder vum Parquet gouf bei enger Persoun doheem eng Perquisitioun gemaach.