
D’CSV-Oppositioun schwätzt dervunner, datt d’Manifestatioun aus dem Rudder gelaf ass. Begrënnt gëtt dëst domat, datt fir d’xte Kéier de Sécherheetsperimeter net respektéiert gi wier an datt d’Organisatioun och net ugemellt war. U sech also eng “wëll” Manifestatioun, wou et de Manifestanten nees gelongen ass, bis an de Stadzentrum ze kommen an do fir “Tumult” ze suergen - am Wuertlaut vun der CSV.
D’CSV freet eng ferm Äntwert vun der Politik, der Police an de Geriichter, a freet iwwert de Chamberpresident d’urgence vum Chamberkommissioun fir d’bannezegt Sécherheet beieneen ze ruffen, wou och de Policeminister Kox soll virstelleg ginn.
Gefrot gi vum Minister Erklärungen, wéi d’Maniff alt nees konnt ausaarten.
Rieds geet jo och vu franséische Casseuren, déi den Anti-Restriktiounscortège fir hir Zwecker a Provokatioune mëssbraucht hätten.
Am Laf vum Méindeg de Moien hat eisen Sourcen no de Policeminister Kox den Debriefing mat der Police.