DikrechNo Sträit: Ee Mann uerg verwonnt, 3 Leit festgeholl

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg ass e Sträit tëscht 4 Leit an der Rue de l'étoile zu Dikrech eskaléiert.

Bei der Ausernanersetzung ass eng Persoun mat engem Messer blesséiert ginn. De Mann gouf uerg verwonnt an d’Spidol bruecht, wou hien noutoperéiert gouf. Et besteet keng Liewensgefor.
No Enquête konnten 3 Leit verhaft ginn, déi elo Rendez-vous mam Untersuchungsriichter hunn.

Back to Top
CIM LOGO