
D'Policebeamte waren op d'Situatioun zu Bouneweg opmierksam ginn an hu probéiert, déi zwee Männer auserneen ze kréien. Well ee vun hinnen eng Gefor fir sech selwer an anerer duergestallt huet, staark alkoholiséiert war a sech net berouegt huet, hunn d'Beamten decidéiert, hien an de Passagearrest ze bréngen.
Deen zweete Mann an och nach eng drëtte Persoun, déi och ze déif an d'Glas gekuckt haten, hu keng Rou ginn a waren der Police géigeniwwer aggressiv. Béid Persoune wollte sech net berouegen, sou datt och si d'Nuecht am Passagearrest verbruecht hunn.
D'Police war e Sonndeg de Moie géint 1 Auer dann och nach op Hamm geruff ginn. Hei war ee Mann zesumme mat Frënn am Auto ënnerwee, wéi en aggressiv ginn ass an doduerch e Risiko fir déi aner Leit am Auto ginn ass. Wéi d'Beamten op d'Plaz komm sinn, wollt den alkoholiséierte Mann sech weiderhin net berouegen, sou datt och hie matgeholl gouf.