
E Freideg ass de leschte Schouldag an der Grondschoul vum Joer 2021-22, fir am ganzen eppes iwwer 59.000 Schülerinnen a Schüler a 6.500 Enseignantë fänkt deemno déi Grouss Vakanz un.
Bei der nächster Rentrée am September ginn et jo dann zwou gréisser Nouveautéiten am Fondamentale, nämlech déi gratis Maison relais wärend der Schoulzäit an déi flächendeckend Hausaufgabenhëllef.
Véier Schoulen zu Déifferdeng, Diddeleng, Schëffleng an an der Fiels lancéieren och d’Alphabetisatioun op Franséisch.
D’Rentrée ass iwwregens donneschdes de 15. September.