Internationalen Dag vum BëschNohaltegkeet a Wirtschaftlechkeet schléisse sech beim Holz haen net aus

Anne Wolff
Tim Morizet
Den Internationalen Dag vum Bësch steet virun der Dier. An deem Kader geet ëmmer nees rieds vu Klimaschutz an Nohaltegkeet. Ma wéi realistesch ass dat Zil?
Internationalen Dag vum Bësch
Nohaltegkeet a Wirtschaftlechkeet schléisse sech net aus

Bëscher wéi de Bambësch an der Stad sinn an der Pandemie déi nei Vakanzendestinatioun ginn, Holz erlieft e Boom als Bau a Brennmaterial a gëllt als nohalteg. Ma wéi geet Bësch schützen a gläichzäiteg Beem ëmhaen iwwerteneen? De Michel Leytem vun der Natur- a Bëschverwaltung erkläert, et géif net méi Holz gehae ginn, wéi nowiisst. Sou kéint de Bësch sech regeneréieren.

Nohaltegkeet a Wirtschaftlechkeet schléisse sech net aus, d’Debatt misst awer manner emotional gefouert ginn, fënnt och de Klaus Goecke, Beroder fir international Promotionsprogrammer am Beräich Holzwirtschaft. Et géing u Kommunikatioun feelen: “Et kann ee sech net ee schéine Parquet an de Salon leeën, ouni dass virdrun e Bam ëmgehae gouf, dat ass einfach esou. Deen Zesummenhang ass do an deen ass och net schlëmm. Fir eis an der Holz- a Forstwirtschaft ass de Bësch e wirtschaftleche Raum an an deem Sënn och nohalteg a produktiv. De Bësch ass net just de Bësch, fir trëppelen ze goen, mee et ass och en ekonomesche Facteur, dat mussen d’Leit wëssen.”

Nohalteg heescht och Lokal. D’Holz aus dem Bambësch gëtt zu 60% an der Stad selwer benotzt, de Rescht geet an d‘Vente. Hei am Land ass dat awer net d’Reegel. Ronn 700.000 Kubikmeter Holz ginn importéiert, Material fir ca. 3.000 Holzhaiser pro Joer. Hei feelt et un Transparenz, fënnt de Pit Mischo vum Nohaltegkeetslabel FSC: “Mir hu besonnesch Bedenken, wat dat Holz aus Russland a Belarus betrëfft. Dat Holz gëtt meeschtens ënnert mafiéise Strukture gehaen.”

Den FSC fuerdert dofir, méi Holz aus eegener Produktioun zu Lëtzebuerg ze benotzen an d‘Origine vum importéierten Holz statistesch z’erfaassen. Am Moment géinge just 20% vum Lëtzebuerger Holz och hei am Land benotzt ginn. Do kéint ee sech besser opstellen, esou de Pit Mischo.

D’Holzwirtschaft kann an Zukunft nëmmen iwwer nohalteg ugeplanzten an zertifiéiert Matière première funktionéieren, do schénge sech d‘Experten eens, ma an der Ëmsetzung vun dem Konzept wier bei Produzent a Konsument nach Sputt no uewen.

Back to Top
CIM LOGO