
...an zwar net als Junior- oder Mini-Koalitionär, mee nees an der éischter Rei, mat den décke Portefeuillë vum Premier an de Finanzen.
D’DP notzt domat d’Inertie vum Staatsminister aus, deem seng Komm.-Strategie net ganz schlësseg ass, mee op alle Fall drop erausleeft ... jo op wat am Fong?
Ma sech éischter rar ze maachen, amplaz de Kapitän op der Bréck ze sinn...
Allemol huet de Premier op direkt e puer Ufroen aus eisem Haus no enger Reaktioun op déi iterativ Fuerderungen no enger Tripartite mat engem Njet reagéiert an op d’Aussoe vu sengem Aarbechtsminister verwisen - een Ex-Syndikalist Marc Spautz, dee sech natierlech och enger Tripartite net verschléisst.
Sou wéi u sech Kee vun de Sozialpartner - ausser eeben, dass de Premier déi Ronn net wierklech wëll - mee lo sou den Aarm gebéit krut, datt hie se wäert bei sengem Etat de la Nation mussen annoncéieren - vläicht nennt hien d’Format Solidaritéitssommet oder Kompetitivitéitssymposium - mee d’Sozialpartner wäerte beienee kommen - dat steet fest!
Wat do soll erauskommen, ass eng eenzeg grouss Virwëtztut - ergebnisoffen - a wann ech mer d’Medien-Tripartite ugekuckt a -gelauschtert hunn, hunn ech justifiéiert Doutten, datt do verstänneg an asiichteg Leit matenee schwätzen, pardon, sech ubaupsen, fir zu Hirem ze kommen.
Spillschoul on tour!
Do sinn ech komplett beim CSV-Deputéierte Michel Wolter - a froe genee wéi hien: ma wou si mer dann nach an a wéi enger selwer zesummegezammerter Welt liewe mer iwwerhaapt, wou jiddereen nëmmen nach seng Besoine gesäit an d’Decke komplett egoistesch a feig nëmme wëllt op seng Zäit zéien.
An der Zäit sote se, streck dech der Decken no, et wier gutt, sech dat och grad an dësen Zäite vu Polykrisen, deierem Sprit a Kafkraaft-Verloscht virun Aen ze halen, sou datt jiddwerengem bewosst ass, datt hien en Deel vun dëser Gesellschaft ass, an net nëmmen en Eenzelgänger, deen driwwer trauert, datt d’wuelverdéngt All-Inclusive-Plage-Vakanz wéinst de Kerosin-Enkpäss riskéiert, eng finanziell Folie ze ginn.
Ech stellen also faktuell dës 5 Punkte fest:
Et wier gutt, och d’Frontalieren net bei de Gespréicher, déi op eis duerkommen, ze vergiessen, les Naufragés, wéi si sech selwer gesinn, well wa si ënnerginn, da si mir mat eisem Pseudo-Wuelstand mat drun an d’Katariséierung gëtt an der Aarbechtswelt reell.
Duerfir gëllt et, d’Boxen erofzeloossen an éierlechen, fairen, a gutt preparéierten Tripartites-Ronnen, wou net op d’Zäit gespillt an d’Sozialpartner bis an d’Nuecht eran erpresst ginn, mee wou op Resultater higeschafft gëtt.
Dann hätt dës Regierung och nees e Plang, politesche Spillraum, eng Daseinsberechtegung a géif vun de Leit als dat wouer geholl, wat se u sech sollen duerstellen: eis Vertrieder, déi fir Land a Leit astinn.
Ech sinn éischter pessimistesch, mee ech kréie sécher de Contraire gewisen - d’Resultater vum Sonndesfro-Sondage an zwou Woche wäerten e klore Kompass sinn.