11 Joer ZäitNohaltegkeetsplang 2030: Et presséiert!

Annick Goerens
Et presséiert. Lëtzebuerg huet 11 Joer Zäit, fir d'Klima an d'Nohaltegkeetsziler bis 2030 ëmzesetzen.

"De Grand-Duché huet e Plang, wéi dat soll goen, ma et muss méi séier goen." Dat sot de liberalen Europadeputéierte Charles Goerens virun den Deputéierten aus der Ëmwelt- an Aussepolitescher Kommissioun. Wéi dat soll goen, steet am national Nohaltegkeetsplang.

Nohaltegkeetsplang 2030/Reportage Annick Goerens

De Plang Lëtzebuerg 2030 versicht dobäi, 3 Politikfelder ronderëm Wirtschaft, Soziales, Ëmwelt a Klima mateneen ze harmoniséieren an 10 Beräicher ze definéieren, an deene prioritär soll ugesat ginn.

D'Deputéiert vun déi Gréng Stéphanie Empain erkläert: "Et geet hei jo elo virun allem drëm, och ze kucken, dass dat, wat een national u Mesuren trëfft, dass déi och international an eisen Engagementer d'Strooss halen. Mir kënnen net national Mesuren treffen, déi herno een Impakt hunn, op dat, wat mer zum Beispill an der Kooperatioun maachen. Ech mengen, dass Lëtzebuerg do seng Hausaufgabe ganz gutt gemaach huet a wat mer haut nach festgehalen hunn ass, dass nach Sputt no uewen ass, och um internationale Plang."

Zum Beispill misst international gekuckt ginn, wat mat deene Staate geschitt, déi sech net un d'Virgabe vum Paräisser Accord halen, sou d'Deputéiert vun déi Gréng.

D'Virgaben, déi Lëtzebuerg sech gëtt, géingen d'Strooss halen, betount den DP-Europadeputéierte Charles Goerens. Haaptproblem si Konflikter tëscht eenzele Politik-Departementer, déi widderspréchlech agéieren.

"Do misste mer am Fong eng instance d'arbitrage hunn. Mer brauchen een Arbitter, deen tranchéiert, wann et zu esou konfliktuelle Situatioune kënnt. Mir brauchen eng Richtung a puncto Nohaltegkeet vun eisem Land, vun Europa, vum ganze Planéit. An dat bedéngt och, dass mer eng international Koordinatioun hunn, fir dass mer - jiddefalls wat déi global Erausfuerderungen ubelaangt, an d'Nohaltegkeet ass eng global Erausfuerderung- kënne meeschteren.", esou de Charel Goerens.

D'Fro vun der Kohärenz huet och den CSV-Deputéierte Paul Galles opgeworf, besonnesch a puncto Entwécklungszesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerg an de Partner an der Welt.

"Dass een net mat der rietser Hand erëm dat ewechhëlt, wat ee mat der lénkser Hand grad ginn huet. Do ass grad haut um Weltdag vun den ONGen awer interessant, dass eben de Cercle de coopération ee Bericht erausginn huet „Fair Politics“, an deem se eng ganz Rei Themefelder oplëschten, wou déi Kohärenz net ginn ass. A mir froen natierlech kritesch no, ob dat mat beduecht gëtt an ob do Verbesserunge virgesi sinn."

Et géing och vill ëm d'Aarmut an der Welt goen, erkläert den CSV-Deputéierten, mä: "Mir stellen natierlech och d'Fro: Wéi ass et mat der Aarmut zu Lëtzebuerg?“ Dat ass ganz kloer, dass do vill muss geschafft ginn. An dat gehéiert och zu enger nohalteger Politik. Well nohalteg Politik bedeit och, dass een d'Leit zu Lëtzebuerg all mathëlt. Dat heescht, dass een Nohaltegkeet net zu engem elitären Thema mécht, mee dass eben all Mënsch, och déi déi defavoriséiert sinn, mat op de Wee kommen."

Donieft wär et och wichteg, dass ëmmer nees gekuckt gëtt, wou Lëtzebuerg drun ass a wéi et virugeet, fir e richtege Progrès ze maachen. Do ware sech all d'Deputéiert eens.

Back to Top
CIM LOGO