ZeienopruffNom Accident vum 6. Januar sicht d'Police elo no engem Zeien

RTL Lëtzebuerg
Tëscht dem Scheierbierg an Elleng-Gare gouf et de 6. Januar en Accident mat 2 Schwéierblesséierten. Gesicht gëtt elo de Chauffer vun engem schwaarzen SUV.
© Police

Dee Won mat Lëtzebuerger Placke war op der N16 aus Richtung Elleng-Gare ënnerwee kuerz éier den Accident geschitt war, an ass no riets op den CR151 Direktioun Wellesteen ofgebéit. De Chauffer vun deem Auto oder eventuell Zeie si gebiede sech bei der Police ze mellen um Telefon (+352) 244771000.

© Police
© Police

Wat war geschitt?

Kuerz virum Scheierbierg, op der Kräizung no Wellesteen, koum et géint 18 Auer e Sonndeg den Owend 6. Januar zu engem uergen Accident tëscht zwee Gefierer.

En Automobilist, deen a Richtung Réimech ënnerwee war, konnt eng Kollisioun mat engem anerer Auto, deen op der Kräizung ofgebéit ass, net méi verhënneren. Béid Autoe goufen duerch d'Wucht vum Opprall staark beschiedegt.

Déi Persounen, déi am Auto waren, deen dat anert Gefier op der Kräizung ze pake krut, goufen uerg blesséiert a goufen no enger éischter Behandlung op der Plaz vun de Rettungsdéngschter an d'Spidol bruecht.

Deen 2. Chauffeur vum Accident koum och fir eng Behandlung an d'Spidol. Bei him koum e positiivt Resultat beim Alkoholtest eraus. Beim schwéier blesséierten Automobilist, konnt keen esou en Test duerchgefouert ginn, sou dass eng Bluttprouf geholl gouf.

Béid Gefierer goufe vun der Police saiséiert, d'Accident gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO