
An der Nuecht op e Freideg a bis moies 9 Auer ass mat Temperaturen ëm -7 Grad ze rechnen. Déi Nuecht drop gëtt et dann nach eng Grëtz méi kal, well do si bis zu -10 Grad gemellt, esou MeteoLux.
E Samschdeg wäert et daagsiwwer konstant ënner 0 Grad sinn. Sonndes fänkt et och kal un, géint der Owend klammen d’Temperaturen dann awer op bis zu 5 Grad.
Vun nächster Woch u gëtt et dann nees méi waarm a méi verreent, et heescht also vum Weekend profitéieren, fir eraus spadséieren ze goen zum Beispill.
TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?
Wéi ass déi aktuell Loftqualitéit?