Zanter dëser Woch ass d'Nora Back Generalsekretärin vum OGBL, e Posten, deen op d'Gewerkschaftspresidence virbereet. Wéini dat kéint sinn, ass nach net gewosst. D’nächst Joer wëll den André Roeltgen nach emol fir de Poste vum President kandidéieren, kéint awer méi fréi d’Mandat ofginn.
Bis virun d’Sozialwale mécht d’Nora Back, déi e Freideg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun war, elo mol hir Aufgaben normal weider, duerno iwwerhëlt si an der Praxis de Poste vum Generalsekretär.
Si ass frou an dankbar, datt si d'Méiglechkeet kritt, fir nächst Presidentin ze ginn...et ass e Generatiounewiessel. A si ass eng Fra an dat ass nei.
Et wären d'Contenuen, déi zielen. D'Linn vum OGBL. An natierlech hätt jidderee säi Charakter a seng Aart a Weis, sou d'Nora Back.
Fir d’Kritike vum LCGB, datt de Streik am Fleegesecteur virun e puer Wochen ee Spektakel gewiescht wier, huet d’OGBL-Gewerkschaftlerin kee Versteesdemech.
Datt OGBL an LCGB den Ament net gutt matenee kënne, wat ee jo en Donneschdeg massiv bei de Maniffen am Bausecteur gesinn huet, wär net gutt a géif géint d'Interesse vun de Leit goen, seet d'Nora Back. Den OGBL ass nach ëmmer fir eng Eenheetsgewerkschaft, och wann dat den Ament guer kee Sujet ass.
E Freideg de Moien war d'Nora Back vum OGBL eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren