
An der Moyenne notzen d’Clientë ronn 10 Gigabyte de Mount. Dat ass eng liicht Hausse zum Joer virdrun.
Gläichzäiteg ginn déi mobil Kommunikatiounen, also SMSe schreiwen an telefonéieren, weider erof. Eng Tendenz, déi een nach vill méi staark beim fixen Telefon gesäit. 2022 gouf gutt 20 Prozent manner iwwer fix Leitungen telefonéiert wéi nach dat Joer virdrun. Dat alles geet aus dem Joresrapport vum Regulatiounsinstitut ILR ervir, deen e Mëttwoch publizéiert gouf.
D’Investitiounen an d ‘Telekommunikatiounsreseaue ware weider héich. Bei de fixe Leitunge war dat an der Haaptsaach fir den Ausbau vum Glasfaser. Beim Mobille fir d’Ëmstellung op de 5G. D’Investitiounen an de mobille Reseau sinn ëm méi wéi ee Véierel an d’Luucht gaangen a louche bei knapp 47 Milliounen Euro. Den Telekommunikatiounssecteur hat zejoert e Revenu vu knapp 585 Milliounen Euro.
All d’Detailer iwwert de Joresrapport fannt Dir um Site vum ILR.