
An Zukunft sollen erëm verstäerkt Leit, déi nach virun der Grënnung vun hirer Entreprise stinn, begleet an ënnerstëtzt ginn.
„Nyuko kënnt zeréck op seng fundamental Iddien, fir d'Entreprenariat ze ënnerstëtzen an ze stimuléieren. Nyuko ass do, fir Iddien ze ëmzesetzen. Mir sinn do fir d'Pre-Creatioun, dee Moment wou een eng Iddi huet a virun deem wou ee se konkretiséiert“, sou de President vun Nyuko, Robert Goeres.
Fir d'Spuerkeess wier dës Partnerschaft eng Méiglechkeet, Entreprisë vun Ufank un ze begleeden an nach méi Visibilitéit am professionelle Beräich ze kréien. Ma et géifen net nëmme Start-uppen am Beräich vun der Technologie ënnerstëtzt, betount d'Generaldirektesch vun der Spuerkeess, Françoise Thoma.
„Sou wéi mir déi méi traditionell Entreprisë scho méi laang privilegéiert begleeden, sou wëlle mir och déi méi nei a jonk Entreprisen elo privilegéiert begleeden. Et geet hei wierklech ëm de ganze Spektrum vun den neien Entreprisen, also net nëmmen Entreprisen, déi a méi modernen technologesche Fintech Domainen etabléiert sinn, mä all jonken Entrepreneur, dee sech wëll lancéieren, deen de Courage huet, eppes Neies ze starten. Do wëlle mir mat eiser Expertise hëllefen an déi Entrepreneuren accompagnéieren op ganz divers Aart a Weisen: Nieft dem Finanziellen, och juristesch an och mat eisem Conseil a mat eiser Erfarung“, sou d'Françoise Thoma.
Den Accélérateur, dee bis ewell am House of Startups war, ass elo och an d'House of Entrepreneurship um Kierchbierg geplënnert, well hei all d'Servicer am Beräich vun der Firmegrënnung op enger Plaz regroupéiert sinn.