
Dës hat beim Minister eng prise de position gefrot zur Petitioun 1360, déi 2 Deeg Teletravail d'Woch verlaangt, fir sou manner Trafic ze hunn an d'Ëmwelt besser ze schützen.
Am Koalitiounsaccord wier virgesinn, datt a puncto Teletravail den "accord interprofessionel" vun 2003 op de Leescht geholl gëtt. D'Resultater vun där Evaluatioun sinn awer nach net do, esou de Minister.
Fir den LSAP-Politiker Kersch kéint et awer an d'Richtung goe vun enger legaler Basis fir déi Fäll, wou Patron an Employé sech d'un commun accord iwwer Teletravail-Deeg eens ginn.