Dreck an der NaturOch am Confinement gëtt Dreck illegal an der Natur entsuergt

Isabelle Henschen
Méi wéi normal ass zënter dem 16. Mäerz Dreck a Sperrmüll an der Natur entsuergt ginn, seet den Dr. Laurent Schley vun der Naturverwaltung.
Dreck an der Natur
Méi wéi normal ass zënter dem 16. Mäerz Dreck a Sperrmüll an der Natur entsuergt ginn, seet den Dr. Laurent Schley vun der Naturverwaltung.

Senger Meenung no doduerch, dass d’Recyclingszenteren déi lescht Wochen zou waren. Et ass awer verbueden, Dreck an der Natur ze entsuergen, esou steet et am Artikel 12 vum Naturschutzgesetz. D’Fierschter vun de 65 Revéier hei am Land hätten och elo an Zäite vum Confinement Zäit, fir déi Verdreckungen ze poursuivéieren. Falls ee bei engem Spadséiergang illegal Drecksdeponien entdeckt, da soll een dës direkt dem Fierschter, der Gemeng oder Police mellen. D’Naturverwaltung mécht vun Zäit zu Zäit gréisser illegal Verdreckungen op hirer Facebooksäit ëffentlech a freet no Mathëllef aus der Bevëlkerung, fir déi Responsabel ze fannen.
Nieft de puer Leit, déi d’Natur verdrecken, engagéiere sech all Joer vill Leit dofir, fir d’Natur ze botzen. Zënter 50 Joer rifft Natur an Ëmwelt a.s.b.l. d’Gemengen an Associatiounen am Land op, Botzaktiounen an der Natur ze organiséieren. Dëst virun allem am Mäerz an Abrëll. Den Ament stéiert een net méi d’Déieren am Wanterschlof an et ass nach net alles zougewuess. Geschätzt 30 Botzaktioune vun de 50 geplangte fir dëst Joer sinn awer elo ausgefall. Elo kéint awer jidderee bei sengem Spadséiergang, egal ob eleng oder mat der Famill aus dem Stot, den Dreck laanscht Weeër sammelen. Dat ëmmer equipéiert mat Händchen.

Informatiounen vun Natur an Ëmwelt zum Thema "Littering".

Back to Top
CIM LOGO