Fir eng méi staark GesellschaftOch bei mentale Problemer kann een éischt Hëllef leeschten

RTL Lëtzebuerg
Wéi? Dat weess ënnert anerem d'Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène mentale a wëll dem grousse Public dës méi no bréngen.
Éischt Hëllef fir Mental Gesondheet
Wat maache wann en eng Panikattack huet? Wat wann et enger Persoun a mengem Ëmfeld net gutt geet? A wat wann eng Persoun wierklech net méi liewe wëll?

Wat maachen, wann een eng Panikattack huet? Wat wann et enger Persoun a mengem Ëmfeld net gutt geet? A wat, wann eng Persoun wierklech net méi liewe wëll? Ma och an esou Situatioune kann een éischt Hëllef leeschten. Natierlech ass dëst dacks net esou gutt z’erkennen, wéi éischt Hëllef bei engem gebrachene Been oder engem Häerzinfarkt, ma wann een d’Symptomer an d’Krankheeten e bësse kennt, da kann een och hei eng “helfende Hand” ginn.

D’Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mental proposéiert heivir Éischthëllefscoursë fir d’mental Gesondheet. Hei léiert ee psychesch Krankheete kennen a kritt Tipps mat op de Wee, wéi een a wéi enger Situatioun ënnerstëtze kann.

De Cours ass oppe fir Jiddereen. Umelle kann ee sech hei.

Wou kritt een Hëllef?

Kanner a Jugendlecher kënne sech um Kanner- a Jugendtelefon um Nummer 116111 mellen. Donieft ginn et mam CePAS och Ulafstellen an de Schoulen a Lycéeën.

Erwuessener kënnen op den Nummer 45 45 45 vun SOS Détresse uruffen.

Hëllef kritt een am Fall vu Mobbing och bei der Mobbing asbl.

En Iwwerbléck op all d’Ulafstellen, déi et zu Lëtzebuerg gëtt, fënnt een um Internetsite: www.prevention-suicide.lu

Wann ee selwer am Fall ass, kann ee sech och zu all Moment bei der Police mellen.

Back to Top
CIM LOGO