Exit CSV (2)Och den Dokter Philippe Wilmes dréit der Partei de Réck

Roy Grotz
De Brudder vum Serge Wilmes, dem Géigekandidat vum aktuelle Parteipresident Frank Engel, huet säi Schreiwes op den Dag vum Presidentschaftsvott datéiert.

Nodeems e Méindeg op dëser Plaz d'Ausscheeden aus der CSV vum Betzder Conseiller Christopher Lilyblad thematiséiert gi war, läit RTL e weidert Demissiounsschreiwes vir.

RTL-NEWS vum Méindeg: Exit CSV - Betzder Conseiller Christopher Lilyblad seet der Partei Äddi.Interessant un dësem eelere Schreiwes ass, datt dëst um Dag vun der Wal vum neien President Frank Engel verfaasst gouf, an zwar vum Brudder vum Géigekandidat Serge Wilmes, dem Dokter Philippe Wilmes.

PDF: D'Schreiwes vum Philippe Wilmes.

Back to Top
CIM LOGO