Nieft dem CGDIS an dem GesondheetspersonalOch d'Police war en Donneschdeg dacks eraus

Pierre Weimerskirch
De ville Schnéi, deen iwwer Nuecht gefall ass, huet op de Stroosse fir Chaos gesuergt. Do huet ënnert anerem och d'Police vill op den Terrain missen.

Zënter en Donneschdeg Hallefnuecht an en Donneschdeg de Mëtteg war den 113 scho méi wéi 60 Mol geruff ginn, well Gefierer gerutscht waren, Bussen a Camionen de Bierg net eropkoumen oder de Chaos op de Stroossen einfach huet misse gereegelt ginn.

Dat heescht och fir d’Zentral, wou d’Uriff all landen: Vill lass a sou munches ze dinn. E méi groussen Dispositiv hätt d’Police fir en Donneschdeg net organiséiert, well Meteolux nëmmen eng Alerte Orange erausginn hat.

D’Police huet och e klore Message, wéi ee sech an esou wanterleche Konditiounen op der Strooss verhale soll. “Och wa 70 erlaabt ass, heescht dat netm dass ee 70 fuere muss”, sou den Thierry Fehr, Directeur des opérations vun der Police. Et soll een esou fueren, wéi d’Stroossen an d’Wiederkonditiounen et erlaben. Dës Weidere wiere Wanterpneue mat engem gudde Profil wichteg. Wien an den aktuelle Konditioune keng Wanterpneuen drop hätt an der Police opfält, muss mat engem Protokoll rechnen.

Back to Top
CIM LOGO