
De Präis fir de Quadratmeter vun engem subventionéieren Appartement läit tëscht 4.100 a 4.750 €.
Fir dës Präisser gëllt en TVA-Taux vu 17%.
Zejoert huet de Fonds de Logement ronn 100 Wunnenge konnte fäerdeg bauen an an d’Vente ginn - bei der SNHBM waren et 300 Wunnengen am Cumul.
Tëscht 2019 an zejoert goufe vun de béide staatleche Promoteure knapp 950 subventionéiert Wunnenge gebaut.
Dës Zuele liwwert de Wunnengsbauminister Henri Kox op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Roy Reding.