Neit AgrargesetzOch Lëtzebuerger Véibestänn solle reduzéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
An Holland hunn d'ambitiéis Reduktiounsziler vun der Regierung d'Baueren op d'Stroosse bruecht an zu radikalen Aktioune gefouert.

Och hei am Land dierft dat neit Agrargesetz vläicht net iwwerall op Géigeléift stoussen.

An deem Text, deen de Landwirtschaftsminister Claude Haagen Ugangs August deposéiert huet, ass nämlech ënner anerem virgesinn, de Véibestand a Lëtzebuerger Betriber ze stabiliséieren, respektiv am Beschten erofzesetzen.

Zwee Argumenter ginn et duerfir: d’Familljebetriber sollen haaptberufflech rentabel an zukunftsfäeg bestoe bleiwen.

Do dernieft ass viséiert d’Ammoniak-Emissioune konsequent erofzesetzen - Dëst well Lëtzebuerg sech bis 2030 zu ganz ambitiéisen Zäregas- an Loftschuedstoff-Reduktiounen engagéiert huet. Notamment géifen an der Landwirtschaft d’Emissioune vun Ammoniak weider erop- amplaz erofgoen.

Duerfir proposéiert d’Agrargesetz eng iewescht Bestandsgrenz vu Véi anzeféieren, respektiv bei méi grousse Betriber eng Erweiderung vum Bestand ze limitéieren. Och domat solle Familljebetriber erhale bleiwen.

Rieds geet am Agrargesetz vun enger Referenzzuel vun 150 Kéi, déi net soll ouni Erlabnis depasséiert ginn, respektiv 5 Leit, déi fest an deem Betrib schaffen.

Beim Net-Anhale vun de viséierte Limitatioune kënne Sanktioune vun iwwer 20.000 Euro spillen.

Eréischt nodeem dat neit Agrargesetz an der Chamber gestëmmt ass, wëll den Agrarminister dem Secteur déi entspriechend Informatiounen zoukomme loossen.

Dat äntwert de Minister Haagen der CSV-Co-Fraktiounscheffin Martine Hansen, déi zum Agrargesetz eng parlamentaresch Fro gestallt hat.

Back to Top
CIM LOGO