Optakt vum RamadanOch zu Lëtzebuerg faaschten déi gleeweg Moslemen

Marc Hoscheid
Sou zum Beispill zu Dikrech, wou de Centre culturel islamique Nordstadt eng Moschee ënnerhält.

Allah ass grouss, et gëtt keen anere Gott wéi Allah, de Mohammed ass vun Allah geschéckt, kommt séier zum Gebiet. Dat ass den Haaptmessage vum sougenannten Adhān, dem islameschen Opruff zum Gebiet. Zu Dikrech gëtt deen awer net vun engem Minarett verbreet, mee just an der Moschee selwer. Dobäi gesäit d’Gebai mat der wäisser Fassad an de véier Stäck am Bamerdall op deen éischte Bléck net wéi ee Gotteshaus aus. De Centre gëtt vun enger ASBL bedriwwen, déi 2008 gegrënnt gouf an zanterhier bestänneg gewuess ass, wéi de President Admir Ceranic erkläert.

De Ramadan fänkt un: Och zu Lëtzebuerg faaschten déi gleeweg Moslemen

“Mir kënnen haut stolz soen, datt mir ongeféier 250 aktiv Memberen hunn an eiser ASBL. Wat och wëllt heeschen, datt och aner Leit, net nëmmen eis aktiv Memberen, Zougank zu eisem Centre hunn, déi hei hinner kënne kommen an eis Raimlechkeeten notzen an un eisen Aktivitéite participéieren.”

Faaschte gëtt ëmmer méi beléift

Am Ufank krut d’ASBL Raimlechkeete vun der Gemeng Dikrech zur Verfügung gestallt, bis ee sech virun e puer Joren decidéiert huet, een eegent Gebai ze bauen. Um Rez-de-chaussée ass eng Zort Café, wou d’Leit Iessen a Gedrénks kafe kënnen. Um 3. Stack gi Reliounscoursen fir Kanner ugebueden. Et gëtt zudeem zwee Appartementer, déi verlount ginn. Ma d’Häerzstéck vun der Moschee sinn awer d’Gebietsraim fir d’Männer um 1. a fir d’ Fraen um 2. Stack. Déi zwee Geschlechter biede getrennt vuneneen, mee de Raum ass awer deelweis op, sou datt d’Fraen den Imam héieren. Eng Kamera a Fernseeër erlaben et zudeem, datt een de Gottesdéngscht och um 2. Stack an am “Klassesall” um 3. Stack kucke kann. Direkt nieft de Gebietsraim gëtt et iwwregens Duschen, well ee sech virum Gebiet wäsche soll. Wärend op Arabesch gebiet gëtt, hält den Imam Irfan Hasanovic seng Priedegten op Bosnesch. Wat d’Faaschten ugeet, esou géif dat ëmmer méi beléift.

“Mir kënne soen, datt bei eis d’Faaschten ëmmer méi grouss Proportiounen unhëlt, dat heescht, datt d’Leit sech ëmmer méi fir d’Faaschten interesséieren. Deen éischte Grond ass d’Relioun, deen zweeten d’Gesondheet.”

Soziale Volet extrem wichteg

De Ramadan hätt awer och eng grouss sozial Komponent. Et gëtt net nëmmen zesumme gebiet, mee och wann d’Faaschten owes respektiv an der Nuecht gebrach gëtt, kommen d’Mënsche beieneen. Doriwwer eraus kréien déi Leit, deenen et net esou gutt geet, besonnesch gehollef. Een Zil vum Ramadan ass et nämlech, sech deene sozial Schwaache méi no ze spieren.

De Verzicht wärend dem Ramadan beschränkt sech awer net op Iessen a Gedrénks. Och Fëmmen a Geschlechtsverkéier sinn tabu.

Zesummenaarbecht mat anere Relioune verdéiwen

Fir eeler Leit, kleng Kanner, schwanger Fraen, krank Persounen a Leit, déi kierperlech extrem ustrengenden Aarbechten noginn, ginn et beim Faaschten iwwerdeems Ausnamen. Si kënnen d’Faaschten nohuelen oder op aner Aart a Weis ersetzen.

D’ASBL Centre culturel islamique Nordstadt gehéiert zum Daachverband Schoura. D’Shoura ass ënnert anerem zoustänneg fir d’Relatioune mat anere Glawensgemeinschaften. Ma och um lokalen Niveau ginn d’Kontakter gefleegt. Sou kommen zum Beispill deemnächst Schüler aus engem kathouleschen Internat op Besuch an déi Dikrecher Moschee. Deene Responsabelen no wéilt een deen Austausch an Zukunft weider ausbauen.

Back to Top
CIM LOGO