Invité vun der Redaktioun (28. Juni) - Gilbert PregnoOch zu Lëtzebuerg ginn d'Mënscherechter zum Deel net respektéiert

Pit Everling
E Donneschdeg de Moie war de President vun der Commission consultative des Droits de l'Homme (CCDH) am Studio.
Invité vun der Redaktioun: Gilbert Pregno
E Donneschdeg de Moie war de President vun der Commission consultative des Droits de l'Homme (CCDH) am Studio.

De Planéit brennt op ville Plazen a verschidde Leit spille Pyroman, dat seet d'Mënscherechtskommissioun. D'Flüchtlingskris ass keng vun de Flüchtlingen, mä eng vun der Mënschlechkeet. Et wier eng Kris, déi ee leider net an de Grëff krit, esou de Gilbert Pregno. Hie war en Donneschdeg de Moien den Invité vun der Redaktioun.

D'Ausmooss ass vläicht net déi wéi op anere Plazen op der Welt, ma och zu Lëtzebuerg gëtt et Problemer, seet de Gilbert Pregno an denkt zum Beispill u Mënschen, déi keen Accès zur Medezin hunn. 700 bis 800 Leit hu keng Krankekees. Virun 3 Joer gouf e Gesetz gestëmmt an dat Gesetz fonctionnéiert an et wëll kee Schold sinn. Dat heescht mir hunn e performante Gesondheetssystem, deen ass awer net an der Lag deene Leit eng geséchert Krankekees ze ginn.

De Gilbert Pregno (Extrait1)

De Gesondheetsministère misst déi Saach onbedéngt méi eescht huelen. An deem Kader war eng parlamentaresch Fro un d'Lydia Mutsch geschéckt ginn, ma hir Äntwert ass net tragfäeg. De Gilbert Pregno betount, dass si sech am Ministère wuel net bewosst sinn, wéi tragesch d'Situatioun ass.

De Gilbert Pregno (Extrait2)

En Vue vun de Walen am Hierscht, huet d'CCDH e Pabeier mat 9 Recommandatiounen un déi verschidde Parteie geschéckt.

E Donneschdeg de Moie war de President vun der Commission consultative des Droits de l'Homme (CCDH) am Studio.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO