
D’Gewerkschaft OGBL an d’Associatioun ADESP soen awer, datt et nach ëmmer keng Gerechtegkeet fir déi concernéiert Poliziste gëtt. D’Regierung setzt sech iwwert d’Urteeler vum Verfassungsgeriicht a vum Verwaltungsgeriicht ewech, heescht et an engem Communiqué.
D’Beamte mat Secondairesdiplom kréichen nach ëmmer keen direkten Accès an d’Karriär B1. D’Anciennetéit wier nach ëmmer prioritär, gëtt bedauert.
De Minister fir ëffentlechen Déngscht Marc Hansen an de Ressortminister Henri Kox hätten d’ADESP och bei de Verhandlungen ecartéiert.
An der Saach geet et ëm d’Revendicatioun vun enger ganzer Partie Beamte mat Secondaires-Diplom, déi e Reklassement vun der C1- an d’B1-Karriär verlaangen.
D’Verwaltungsgeriicht hat rezent eng gewëss Diskriminéierung constatéiert, ma net d’Justiz, mä d’Regierung misst d’Situatioun klären.
Wat dem rezenten Accord no ënner anerem ännert ass, datt Polizisten, déi bei der Gesetz-Ännerung 2018 e Secondaires-Diplom haten, schonn no 12 Déngschtjoren Accès op d’B1-Karriär kënne kréien.