Reaktioun op RegierungsrotOGBL begréisst verschidden Decisiounen, kritiséiert awer och 2 Mesuren

Joel Detaille
Den OGBL reagéiert e Méindeg op 4 Decisiounen, déi de leschte Freideg am Regierungsrot getraff goufen an déi de Code du travail viséieren.

Zwou Mesurë gi begréisst: Engersäits de sougenannte "Congé pour le soutien familial", dee retroaktiv op den 18. Mäerz gëllt an och dass d'Period vun 78 Woche Krankschreiwung am Etat de crise annuléiert goufen. No där Zäit kéint een an Normalzäite jo gekënnegt kréien.

Als schlecht Decisioun bewäert den OGBL awer de Fakt, dass d'Charge finançière vum Ausgläich wärend de 77 éischten Deeg vun der Mutualitéit vun den Employeure bei d'Assurance maladie-maternité transferéiert gëtt. Eng Prise en charge vun deem Ausgläich, bei all Krankheet, also och bei deenen ouni direkte Lien mam Coronavirus, an dat ouni Remboursementskonditiounen, wier fir den OGBL net acceptabel.

Als ganz ellen Decisioun bewäert den onofhängege Gewerkschaftsbond dann och d'Méiglechkeet, dass Patrone vu Betriber, déi als essentiell definéiert goufen, hire Salariéen all accordéierte Congé nees kënne sträichen.
Zesumme mat der Decisioun, dass déi Betriber hir Leit elo bis zu 60 Stonnen d'Woch dierfte schaffe loossen, géif derzou féieren, dass hei Salariéeë misste schaffen, bis se doudmidd wieren an eventuell net op hir verdéngte Rouzäite kéinten zeréckgräifen.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO