Invité vun der Redaktioun (29. November) - André RoeltgenOGBL fuerdert: Sozialstaat stäerken an e modernt Aarbechtsrecht

Pit Everling
Den onofhängege Gewerkschaftsbond feiert 40 Joer. Mir hunn e Mëttwoch de Moie mam OGBL-President zeréck op 4 Joerzéngte gewerkschaftlech Aarbecht gekuckt.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: André Roeltgen
Den onofhängege Gewerkschaftsbond feiert 40 Joer. Mir hunn e Mëttwoch de Moie mam OGBL-President zeréck op 4 Joerzéngte gewerkschaftlech Aarbecht gekuckt.

Den OGBL erwaart sech vun enger neier Regierung, datt de Sozialstaat gestäerkt gëtt, do schwätzt ee vu Sozialleeschtungen a Versécherungen, vum Ausbau vun ëffentlechen Déngschtleeschtungen an Infrastrukturen an natierlech vu méi Steiergerechtegkeet an engem ugepassten Aarbechtsrecht.

Dat sot den OGBL-President André Roeltgen um Donneschdeg de Moien am RTL-Interview.

Spekulatiounen, beispillsweis iwwert eng Hausse vum Mindestloun, wollt hien nach net maachen. D’Fuerderung an deem Beräich wier awer kloer, nämlech eng Hausse vun 10% um Loun.

Et misst zu enger besserer Produktivitéitsverdeelung am Land kommen.

Sollt dat net geschéien, wier den OGBL duerchaus bereet, gewerkschaftlech Aktiounen ze lancéieren.

Fir den André Roeltgen ass et ganz wichteg, datt de Sozialdialog besser gëtt.

Den onofhängege Gewerkschaftsbond feiert um 29. November 40. Gebuertsdag, en huet hautdesdaags méi ewéi 70'000 Memberen. An deene Joerzéngte hätt ee vill zum Sozialstaat Lëtzebuerg bäigedroen, et wier zum Beispill virun allem de Merite vum OGBL, datt den Index bäibehale gouf.

Um Donneschdeg den Owend gëtt an der Maison du peuple zu Esch de Gebuertsdag grouss gefeiert.

Den onofhängege Gewerkschaftsbond feiert 40 Joer. Mir hunn e Mëttwoch de Moie mam OGBL-President zeréck op 4 Joerzéngte gewerkschaftlech Aarbecht gekuckt.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO