Banken- an AssurancësecteurOGBL, LCGB an Aleba mat Fuerderunge fir nei Kollektivverträg

RTL Lëtzebuerg
Am Banken- an Assurancësecteur gi geschwënn nei Kollektivverträg negociéiert an d'Gewerkschafte presentéieren an engem Communiqué hir Fuerderungen.
Verschidde Punkten aus den aktuelle Konventioune gi verurteelt a misste verbessert ginn,

heescht et gemeinsam vun ALEBA, OGBL an LCGB.

A béide Secteure sollen d’Leit, déi als Kader agestallt sinn, an d’Kollektivverträg integréiert ginn.

Jidderee soll däitlech méi verdéngen a vu Formatioune grad ewéi méi Congé profitéiere kënnen.

Et sollen an de Betriber preventiv Mesuren agefouert ginn, fir d’Gesondheetsrisiken ze reduzéieren, virop déi psychesch.

D’Gewerkschafte fuerderen och Verbesserungen a Saachen Teletravail a fir Leit, déi sech gewerkschaftlech engagéieren.

De 14. Dezember ginn d’Negociatioune mat der ACA fir den Assurancësecteur un. De 15. Dezember gëtt eng éischte Kéier mat de Bankenassociatioun negociéiert, fir de Kollektivvertrag z’erneieren.

Back to Top
CIM LOGO