Ersatzgehalt fir IndependantenOGBL stäipt Minister de Réck a verurteelt Positioun vun der UEL

RTL Lëtzebuerg
D’Independante solle vu Mäerz un en Ersatzgehalt kréien. Elo gëtt gestridden doriwwer, wien e soll bezuelen.

Den Aarbechtsminister Dan Kersch hat en Donneschdeg hei op RTL gesot, d'Mutualitéit vun den Employeuren dofir soll opkommen. D'Patronat ass vum Stull gefall no där Annonce a sot d’Sue sollen aus dem Fonds pour l’Emploi kommen.

Den OGBL stäipt e Freideg per Communiqué dem Minister de Réck a schreift: "D'Pertë vum Patronat sollen op kee Fall duerch d'Salariéeë kompenséiert ginn. D'Gewerkschaft verurteelt d'Positioun vun der Union des entreprises an erënnert drun, datt de Fonds pour l’emploi duerch d'Solidaritéitssteier finanzéiert gëtt an dofir do ass, fir Mesurë fir de Maintien an der Aarbecht ze bezuelen. D'Patronen, déi soen d'Mutualitéit vun den Employeure wier fir d'Weiderbezuele vun de Salairen a Krankheetsfäll zoustänneg.

Et bleift also ze klären, wien den Ersazgehalt fir d'Independanten soll bezuelen.

Ersatzgehalt fir Independanten vu Mäerz un: Patronat fält no Annonce vum Dan Kersch op RTL aus alle Wolleken

Back to Top
CIM LOGO